Concerts

08.12.2019
à
10:00
au Conservatoire de Musique de la Ville d'Esch/Alzette

A wéini ass Niklosdag?

Et ass Wanter, déi éischt Schnéiflacken falen, an d’Kanner spillen am Haff. Si schécken sech gutt, well de Kleeschen kënnt geschwënn. Mee wéini kënnt en dann endlech? Kleeserchersmutzen bastelen, baken, Lidder sangen an erfannen, Musek maachen, alles ass gutt fir dem Kleeschen ze gefalen. Des flott Kannergeschicht gëtt erzielt a musikalesch ënnerstrach vu jonken Flüttisten, Klarinettisten, Cellisten an Akkordeonisten. An dir Kanner, kënnt de Museker kräfteg mathëllefen, fir de Kleeschen esou schnell wéi méiglech erbäi ze ruffen.
 
Flüttenklass vum Päivi Kauffmann
Klarinettenklass vum Romain Gross
Cellosklass vum Anna Origer
Akkordeonsklass vum Daniel Gruselle
Erzielerin Anne Treinen