Concerts

24.03.2019
à
10:00
au Conservatoire de Musique de la Ville d'Esch/Alzette

De Pierchen an de Wollef

De Pierchen an de Wollef ass ee musikalescht Mäerchen, wat de russesche Komponist Sergej Prokofjew 1936 als Optragswierk fir de Moskauer
Kannertheater komponéiert huet.

Dem Prokofjew säin Ziel war et, d’Kanner mat dëser ganz illustrativer Musek an d’Welt vum Symphonieorchester anzeféieren. D’Personnagen
an d’Déieren aus der Geschicht ginn duerch ee bestëmmtent Instrument an eng bestëmmten Melodie, ee Leitmotiv, duergestallt.

Mir presentéieren iech eng Versioun fir Bléiserquintett an eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Text.

op Lëtzebuergesch – ab 6 Joer
Dauer: 40 Minutten

Päivi Kauffmann:
Querflütt
Jean-Paul Hansen:
Hautbois
Sharon André:
Klarinett
David Sattler:
Fagott
Jean-Claude Braun:
Cor
Nadine Kauffmann:
Erzielerin