Concerts

21.01.2023
à
16:00
Conservatoire de Musique de la Ville d'Esch/Alzette

De Fräschkinnek

Schlappeconcert - e Familljeconcert

Michel Berns

Trompett

Sharon André

Erzielung, lëtzebuergesch Iwwersetzung, Konzept

Paul Breisch

Uergel

D’Schlappeconcerte sinn eng Serie vu Familljeconcerten, gespillt an erzielt vun Enseignanten aus dem Escher Conservatoire, wou Wuert a Musek sech begéinen.

De Fräschkinnek

Viru laanger Zäit, wou d’Wënschen nach gehollef huet, huet eng Prinzessin gelieft. Hier léifste Spillsaach war eng gëlle Kugel …

De Fräschkinnek ass ee Klassiker ënnert de Märercher an net ëmsoss steet des Geschicht an der Märchesammlung vun de Gebridder Grimm un éischter Plaz.

Erlieft mat, wéi d’Kläng vun Trompett an Uergel eis an eng Märchewelt versetzen, mat Bësch a Schlass, enger Prinzessin mat hirer gëllene Kugel, …….. an engem Fräsch.

Kanner bréngt all är Schlappe mat, well et gëtt gemittlech.

Programm :

no der Produktioun „Der Froschkönig“

mat frëndlecher Ënnerstëtzung vum Ute Kleeberg/

Edition SEE-IGEL www.see-igel.de

Text: Gebridder Grimm

Musek: Alessandro Stradella, Georg Friedrich Händel, Heinrich Ignaz Franz Biber, Pavel Josef Vejvanovsky, Gottfried Finger, Mauricio Kagel, György Ligeti

Dauer: ca. 50min

Alter: ab 4 Joer

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom