Concerts

25.03.2020
à
20:00
au Conservatoire de Musique de la Ville d'Esch/Alzette

Prix de la musique – Rotary Club Esch-sur-Alzette

Claude Schlim, Direktioun

De Rotary Club Esch huet am Kader vun den Feierlechkeeten vun sengem 50e  Anniversaire am Joer 2010 den Prix de la musique – Rotary Club Esch-sur-Alzette an d’Liewen geruff.

Mat dësem Preis ënnerstëtzt den Rotary Club Esch-sur-Alzette 3 jonk Studenten aus dem Escher Conservatoire, déi am vergaangenen Schouljoer duerch aussergewéinlech Leeschtungen iwwerzeegt hunn.
Bei dëser 10ter Editioun, héiere mer di jonk Laureaten, encadréiert vun der Brass Band vum Escher Conservatoire. D’Nimm vun de Laureaten ginn den 15. September bekannt.

Déi 10. Editioun ass och d’Geleeënheet e musikalesch-kënschtlereschen Réckbléck op 10 Joer „Prix de la musique“ ze maachen, an dofir stinn och verschidden Laureaten aus de vergaangenen Promotiounen deen Owend mat op der Bühn.

D’Brass Band vum Escher Conservatoire brauch een net méi virzestellen. Dësen eenzegaartegen Ensembel gouf 1973 gegrënnt, an ass haut nach ëmmer deen eenzegen an dësem Genre hei zu Lëtzebuerg, an iwwert d’Grenzen eraus. D’Brass Band besteet gréisstendeels aus Studenten a Präisdréier vun den Blechblosinstrument- a Perkussiounsklassen.

Nom Grënner Fred Harles an duerno dem Guy Conter steet d‘Brass Band zanter 2016 ënnert der Leedung vum Claude Schlim.